Back to top

FAQ

FAQ

  • De Mediateur fir d’Consommatioun kann Iech soen, wéi eng Méiglechkeeten et gin, e Konsumentesträitfall am Gudden ze léisen.

    Hie kuckt sech all Demande, fir e Sträitfall am Gudden ze léisen, un a wann et eng speziell Instanz an deem Beräich gëtt, gëtt d’Demande un déi weidergeleet.

    Gëtt et keng speziell Instanz an deem Beräich, këmmert e sech selwer ëm Äert Uleies.

  • Konsumenten a Geschäftsleit kënne sech un de Mediateur fir d’Consommatioun adresséieren, fir Konsumentesträitfäll am Gudden ze léisen. Konsumentesträitfäll ergi sech aus Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakter. D’Geschäftsleit mussen hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn.

  • Bei engem Konsumentesträitfall handelt et sech ëm e Sträit mat Bezuch op e Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakt, deen tëschent engem Konsument an engem Geschäftsmann ofgeschloss gouf.

  • Dir kënnt Iech mat all Demande, fir e Konsumentesträitfall am Gudden ze léisen, un de Mediateur fir d’Consommatioun adresséieren.

    E kann Iech awer net hëllefe bei:

    • allgemeng net wirtschaftlechen Servicer vum Staat oder vun aneren ëffentlech-rechtleche Kierperschaften;
    • Konflikter tëschent Geschäftsleit;
    • medezineschen Déngschtleeschtungen, déi vu Persounen aus dem Gesondheetsberäich (Dokteren, Klinicken asw.) erbruecht ginn, mam Zil, de Patienten hire Gesondheetszoustand ze evaluéieren, ze erhalen oder ze verbesseren. Dozou gehéiert och d’Verschreiwen oder d’Bereetstelle vu Medikamenter oder medezineschem Hëllefsmaterial. Fir dës Sträitfäll kënnt Dir Iech un den Nationalen Informatiouns- an Mediatiounsdéngscht fir Gesondheetsfroen adresséieren (Service national d’information et de médiation dans le domaine de la santé, 73, rue Adolphe Fischer (4. Stack), L-1520 Lëtzebuerg, Tel.: (+352) 24 77 55 15, info@mediateursante.lu, www.mediateursante.lu);
    • Sträitfäll mat ëffentlechen Déngschtleeschter aus dem Postsecondaire oder dem Héichschoulberäich.
  • De Mediateur fir d’Consommatioun kann Äert Uleies refuséieren, wann: 

    • Dir nach net bei där anerer Partei reklaméiert hutt;
    • d’Begrënnung net gerechtfertegt oder onrealistesch ass;
    • sech schonn eng aner aussergeriichtlech Instanz, e Schiidsgeriicht oder en uerdentlecht Geriicht zu Lëtzebuerg oder am Ausland der Saach ugeholl hat oder huet;
    • et méi wéi ee Joer hier ass, datt Dir bei där anerer Partei reklaméiert hutt;
    • d’Beschäftegung mat dem Sträitfall de Fonctionnement vum Nationale Mediatiounsdéngscht fir d'Consommatioun schro géif beanträchtegen;
    • et sech net ëm e Sträitfall tëschent engem Konsument an engem Geschäftsmann opgrond vun engem Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakt handelt.