Back to top

De Mediateur fir d’Consommatioun

Claude Fellens

No sengem Droitstudium un der Faculté de Droit, de Sciences Politiques et de Gestion vu Stroossbuerg huet den Här Fellens als Affekot geschafft, fir d’éischt an enger Etude, déi sech op Rechtsstreidegkeete spezialiséiert huet, duerno an enger Etude d’affaires. Am September 2007 gouf den Här Fellens zum Riichter um Verwaltungsgeriicht ernannt an am Abrëll 2011 zum Vizepräsident vum Verwaltungsgeriicht.

Hie gouf vum Regierungsrot zum Mediateur fir d’Consommatioun ernannt, mat Wierkung vum 1. September 2016, fir eng Dauer vu fënnef Joer. Am Mee 2016 huet hien eng Formatioun absolvéiert fir déi aussergeriichtlech Léisung vu Konsumentesträitfäll op der Grondlag vum Artikel R. 411-1 vun den Duerchféierungsbestëmmunge vum Code de la consommation, an där duerch groussherzoglecht Reglement vum 5. Juli 2016 geännerter Fassung.

Am Oktober 2016 huet hien bei der formation de base Médiation matgemaach, daat vum Centre de Médiation Civile et Commerciale organiséiert gouf, an Zesummenaarbescht mam Centre de formation House of Training an der Chambre des Métiers Luxembourg.