Back to top

LA MÉDIATION

Den Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun ass en neutralen an onofhängege Service, dee Konsumenten a Geschäftsleit eng Méiglechkeet bitt, op fräiwëlleger a vertraulecher Basis Streitfäll ze léisen, déi opgrond vun engem Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakt tëschent hinnen entstane sinn.

De Mediateur fir d’Consommatioun kann als onparteiesche Vermëttler agéieren, fir den Dialog tëschent de Parteien z’erliichteren a si dobäi z’ënnerstëtzen, zesummen eng Léisung ze fannen. Wann d’Parteie keng Léisung fannen, kann de Mediateur fir d’Consommatioun hinnen eng Léisung proposéieren, déi se akzeptéieren oder refuséiere kënnen.

Den Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun steet op der Lëscht vun de qualifizéierten Instanzen, déi de Wirtschaftsministère féiert.

AUFGABEN

  • Bei Sträitfäll iwwer d’Méiglechkeet z’informéieren, eng Léisung am Gudden ze fannen änneren
  • Demanden
    unhuelen änneren
  • Bei der Sich no enger Léisung am Gudden hëllefen änneren

Bei Sträitfäll iwwer d’Méiglechkeet z’informéieren, eng Léisung am Gudden ze fannen

De Mediateur fir d’Consommatioun ka Konsumenten a Geschäftsleit iwwer d‘Méiglechkeeten informéieren, fir Sträitfäll am Gudden ze léisen. Konsumenten a Geschäftsleit kënnen de Mediateur fir d’Consommatioun kontaktéieren, fir sech iwwer hir Rechter a Flichten z’informéieren, wa si eng Léisung am Gudden an engem Sträitfall ustriewen.

Demanden unhuelen

De Mediateur fir d’Consommatioun muss all Demande fir eng Léisung am Gudde vun engem Konsumentesträitfall unhuelen. Wann et eng aner Instanz vun der Lëscht vum Wirtschaftsministère fir dëse Fall gëtt, leet en d’Demande direkt u si weider.

Bei der Sich no enger Léisung am Gudden hëllefen

Wann et keng aner Instanz fir dëse Sträitfall gëtt, intervenéiert de Mediateur fir d’Consommatioun selwer, fir de Parteie bei der Sich no enger Léisung am Gudden ze hëllefen. De Mediateur fir d’Consommatioun ka selwer eng Léisung proposéieren, wa sech d’Parteien um Enn vun dësem Vermëttlungsversuch net eens konnte ginn. D’Parteie kënne fräi entscheeden, ob si d’Léisung vum Mediateur unhuelen oder refuséieren.

D’KOMPETENZE VUM MEDIATEUR

Sträitfäll, an deenen e kann intervenéieren

  • Jiddwer Konsument a senger Roll als natierlech Persoun, deen zu Lëtzebuerg oder an engem aneren EU-Land wunnt an dee sech mat engem Sträitfall mat engem Geschäftsmann konfrontéiert gesäit, dee sengersäits säi Sëtz zu Lëtzebuerg huet, ka sech un de Mediateur fir d’Consommatioun wenden, wann et beim Sträitfall ëm e Kontrakt mam Geschäftsmann geet.
  • Jiddwer Geschäftsmann mat Sëtz zu Lëtzebuerg, deen en ähnleche Sträitfall mat engem Konsument huet, deen zu Lëtzebuerg wunnt, kann de Mediateur fir d’Consommatioun mat der Saach befaassen.
  • De Konflikt muss mat engem Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakt ze dinn hunn.

Sträitfäll, an deenen en net intervenéiere kann

Den Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun ass keng Organisatioun fir Konsumenteschutz oder de Schutz vun de Geschäftsleit. En ass net zoustänneg fir Är Froen zu Rechter oder Flichten, déi sech aus engem Kaf- oder Déngschleeschtungskontrakt erginn.
Doriwwer eraus falen déi heite Fäll net ënner d’Kompetenz vum Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun:

  • allgemeng net wirtschaftlech Servicer vum Staat oder vun aneren ëffentlech-rechtleche Kierperschaften;
  • Konflikter tëschent Geschäftsleit;
  • medezinesch Déngschtleeschtungen, déi Persounen aus dem Gesondheetsberäich (Dokteren, Klinicken asw.) fir Patienten erbréngt, mam Zil, hire Gesondheetszoustand ze evaluéieren, ze erhalen oder ze verbesseren. Dozou gehéiert och d’Verschreiwen oder d’Bereetstelle vu Medikamenter oder medezineschem Hëllefsmaterial;
  • Sträitfäll mat ëffentlechen Déngschtleeschter aus dem Postsecondaire oder dem Héichschoulberäich.

Grënn, fir eng Demande ze refuséieren

De Mediateur fir d’Consommatioun kann aus deenen heite Grënn eng Demande refuséieren:

  • wann d’Partei, déi d’Demande eragëtt, nach net bei där anerer Partei reklaméiert huet, fir de Fall ze klären;
  • wann d’Begrënnung net gerechtfertegt oder onrealistesch ass;
  • wa sech schonn eng aner aussergeriichtlech Instanz, e Schiidsgeriicht oder en uerdentlecht Geriicht zu Lëtzebuerg oder am Ausland der Saach ugeholl hat oder huet;
  • wann d’Partei, déi d’Demande eragëtt, zwar bei där anerer Partei reklaméiert huet, dann awer méi wéi ee Joer waart, fir d’Saach un de Mediatiounsdéngscht weiderzeginn;
  • wann d’Beschäftegung mam Sträitfall de Fonctionnement vum Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun schro géif behënneren;
  • wann et sech net ëm e Sträitfall tëschent engem Konsument an engem Geschäftsmann handelt, deen opgrond vun engem Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakt entstanen ass.

 

 

D’VIRDEELER VUN ENGER LÉISUNG AM GUDDEN

  • Keng extra Käschten
    Keng extra Käschten

    D’Prozedur virum Mediateur fir d’Consommatioun kascht weder de Konsument nach de Geschäftsmann eppes. Wann déi eenzel Parteien awer Käschten hunn, z. B. fir en Affekot, eng Expertise oder hir Deplacementer, musse se selwer dofir opkommen, et sief, et wier eppes anescht tëschent hinnen ausgemaach ginn.

  • Séiert Resultat
    Séiert Resultat

    D’Resultat vun der Mediatioun gëtt Iech bannent 90 Deeg matgedeelt, gerechent vun deem Dag un, wou déi vollstänneg Demande ugeholl ginn ass. Dësen Zäitraum ka vum Mediateur fir d’Consommatioun verlängert ginn, wann et sech ëm e komplexe Sträitfall handelt.

  • Fräi Entscheedung
    Fräi Entscheedung

    Et steet jiddwer Partei fräi, matzemaachen oder net. All Partei ka sech zu all Moment aus der Prozedur zeréckzéien. Déi eenzel Parteie kënnen déi vum Mediateur fir d’Consommatioun proposéiert Léisung unhuelen oder refuséieren.

  • Vertraulech
    Vertraulech

    Während der Mediatioun kënne sech d’Parteie fräi äusseren. Et kann näischt, wat bei der Mediatioun bekannt gouf oder erauskoum, bei enger eventueller spéiderer Geriichtsaffär virbruecht ginn. 

  • Den Mediateur fir d’Consommatioun hëlleft de Parteien, eng Léisung ze fannen
    Den Mediateur fir d’Consommatioun hëlleft de Parteien, eng Léisung ze fannen

    De Mediateur fir d’Consommatioun hëlleft de Parteien, erëm en Dialog opzebauen a gemeinsam eng Léisung am Gudden ze fannen. 

PHASEN VUN DER PRODEZUR

Verhandlung

Während der Verhandlungsphas tauschen de Konsument an de Geschäftsmann hir Standpunkter aus a kënnen eng Léisung am Gudde proposéieren. Esou sinn déi eenzel Standpunkter an de Wëllen, un der Mediatioun deelzehuelen, kloer.
änneren

Mediatioun

Während der Mediatioun kann de Mediateur fir d’Consommatioun jiddwer Partei eenzel kontaktéieren, fir ze probéieren, déi verschidde Standpunkter mateneen an Aklang ze bréngen.

Wa sech d’Parteien net eens ginn, kann de Mediateur fir d’Consommatioun d’Parteie froen, sech zesummenzesetzen, fir gemeinsam iwwer eng Léisung am Gudden ze schwätzen.
änneren

Accord

Fir de Fall, wou sech d’Parteien am Gudde gëeenegt hunn, ënnerschreiwe si dësen Accord. Wa si sech net eens gi sinn, kann de Mediateur fir d’Consommatioun hinnen eng Léisung proposéieren, déi d’Parteien unhuelen oder och refuséiere kënnen.änneren