Back to top

FAQ

De Mediateur fir d’Consommatioun kann Iech soen, wéi eng Méiglechkeeten et gin, e Konsumentesträitfall am Gudden ze léisen.

Hie kuckt sech all Demande, fir e Sträitfall am Gudden ze léisen, un a wann et eng speziell Instanz an deem Beräich gëtt, gëtt d’Demande un déi weidergeleet.

Gëtt et keng speziell Instanz an deem Beräich, këmmert e sech selwer ëm Äert Uleies.

Konsumenten a Geschäftsleit kënne sech un de Mediateur fir d’Consommatioun adresséieren, fir Konsumentesträitfäll am Gudden ze léisen. Konsumentesträitfäll ergi sech aus Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakter. D’Geschäftsleit mussen hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn.

Bei engem Konsumentesträitfall handelt et sech ëm e Sträit mat Bezuch op e Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakt, deen tëschent engem Konsument an engem Geschäftsmann ofgeschloss gouf.

Dir kënnt Iech mat all Demande, fir e Konsumentesträitfall am Gudden ze léisen, un de Mediateur fir d’Consommatioun adresséieren.

E kann Iech awer net hëllefe bei:

  • allgemeng net wirtschaftlechen Servicer vum Staat oder vun aneren ëffentlech-rechtleche Kierperschaften;
  • Konflikter tëschent Geschäftsleit;
  • medezineschen Déngschtleeschtungen, déi vu Persounen aus dem Gesondheetsberäich (Dokteren, Klinicken asw.) erbruecht ginn, mam Zil, de Patienten hire Gesondheetszoustand ze evaluéieren, ze erhalen oder ze verbesseren. Dozou gehéiert och d’Verschreiwen oder d’Bereetstelle vu Medikamenter oder medezineschem Hëllefsmaterial. Fir dës Sträitfäll kënnt Dir Iech un den Nationalen Informatiouns- an Mediatiounsdéngscht fir Gesondheetsfroen adresséieren (Service national d’information et de médiation dans le domaine de la santé, 73, rue Adolphe Fischer (4. Stack), L-1520 Lëtzebuerg, Tel.: (+352) 24 77 55 15, info@mediateursante.lu, www.mediateursante.lu);
  • Sträitfäll mat ëffentlechen Déngschtleeschter aus dem Postsecondaire oder dem Héichschoulberäich.

De Mediateur fir d’Consommatioun kann Äert Uleies refuséieren, wann: 

  • Dir nach net bei där anerer Partei reklaméiert hutt;
  • d’Begrënnung net gerechtfertegt oder onrealistesch ass;
  • sech schonn eng aner aussergeriichtlech Instanz, e Schiidsgeriicht oder en uerdentlecht Geriicht zu Lëtzebuerg oder am Ausland der Saach ugeholl hat oder huet;
  • et méi wéi ee Joer hier ass, datt Dir bei där anerer Partei reklaméiert hutt;
  • d’Beschäftegung mat dem Sträitfall de Fonctionnement vum Nationale Mediatiounsdéngscht fir d'Consommatioun schro géif beanträchtegen;
  • et sech net ëm e Sträitfall tëschent engem Konsument an engem Geschäftsmann opgrond vun engem Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakt handelt.

Jo. De Mediateur fir d’Consommatioun kann d’Konsumenten an d’Geschäftsleit iwwer hir Rechter a Flichten informéieren, wat eng Léisung am Gudde vun engem Konsumentesträitfall ugeet.

Well de Mediateur fir d’Consommatioun neutral ass, kann en Iech awer net iwwer Rechter a Flichten informéieren, déi sech aus engem Kaf- oder Déngschtleeschtungskontrakt erginn.

Neen. Soubal de Sträitfall virun e Geriicht oder en anere Mediatiounsdéngscht geet oder gaangen ass, kann de Mediateur fir d’Consommatioun Iech am Prinzip net méi dobäi hëllefen, eng Léisung am Gudden ze fannen.

Äer Ufro kënnt Dir per Post, E-Mail oder Fax schécken, oder Dir fëllt de Formulaire op dësem Site aus.

D’Ufro kann op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch agereecht ginn.

D’Mediatioun kann sech op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch ofspillen.

Neen. Dir kënnt eleng eng Ufro eraginn, Dir braucht duerfir keen Affekot.

Jo. D’Parteie kënne sech vun engem Affekot oder enger Vertrauenspersoun hëllefen oder vertriede loossen.

Jiddwer Partei muss awer déi eventuell Käschte vun dëser Hëllef oder Vertriedung selwer droen.

Nodeems de Konsument oder Geschäftsmann eng Demande fir eng Léisung am Gudden eraginn huet, kritt hien eng Bestätegung, datt se ukomm ass.

De Mediateur fir d’Consommatioun kontaktéiert déi aner Partei, fir si ze froen, ob si bei der Mediatioun matmécht an ob si zu där Saach wëll Stellung huelen. Wann déi aner Partei refuséiert oder dem Mediateur fir d’Consommatioun net äntwert, huet sech d’Mediatioun domat erleedegt.

Wann déi aner Partei matmaache wëll an dem Mediateur fir d’Consommatioun hir Positioun matdeelt, ginn dës Informatiounen un déi Partei, déi d’Mediatioun gefrot huet, weidergeleet.

De Mediateur fir d’Consommatioun probéiert dann, de Gruef tëschent de Positioune vun deenen zwou Parteien z’iwwerbrécken, fir eng Léisung am Gudden ze fannen.

Wann op deem Wee keng Léisung ka fonnt ginn, kann de Mediateur fir d’Consommatioun d’Parteien an de Büro vum Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun invitéieren, fir zesummen iwwer eng Léisung am Gudden ze schwätzen.

Wann d’Parteien eng Léisung am Gudde fannen, ënnerschreiwe si en Accord.

Wann d’Parteie sech net eens ginn, kann de Mediateur fir d’Consommatioun eng Léisung proposéieren, déi d’Parteien akzeptéieren oder refuséiere kënnen.

D’Resultat vun der Prozedur, gëtt Iech am Prinzip bannent 90 Deeg matgedeelt. Dësen Zäitraum fänkt zu deem Moment un, wou déi zwou Parteien hire Standpunkt eng éischte Kéier erkläert hunn.

Wann d’Parteie keng Léisung fannen, kann de Mediateur fir d’Consommatioun hinnen eng Léisung proposéieren. D’Parteie si fräi, dës Propos unzehuelen oder ze refuséieren.

Neen. D’Zil ass, eng Léisung am Gudden ze fannen, mat där all d’Parteien zefridde sinn. Wann d’Parteien awer keng Léisung am Gudde fannen, kann de Mediateur fir d’Consommatioun eng Léisung proposéieren. D’Parteien hunn Zäit, fir sech dës Propos genee unzekucken an dem Mediateur fir d’Consommatioun matzedeelen, ob si se akzeptéieren oder refuséieren.

Dir sidd fräi, Iech zu all Moment aus der Mediatioun zeréckzezéien an e Geriicht mam Sträitfall ze befaassen.

D’Zil vun der Mediatioun ass, mat Hëllef vum Mediateur fir d’Consommatioun eng Léisung am Gudden ze fannen, vun där all d’Parteien eppes hunn, an esou d’Vertrauen tëschent hinnen erëm hierzestellen. Bei enger erfollegräicher Mediatioun gewënnt jiddwereen.

D’Funktiounskäschte vum Nationale Mediatiounsdéngscht fir d’Consommatioun gi vum Staat gedroen.

Neen. D’Aarbecht vum Mediateur ass gratis, souwuel fir de Konsument wéi fir de Geschäftsmann.

Wann Äer Demande un eng aner qualifizéiert Instanz weidergeleet gëtt, ass dat am Allgemengen och gratis. Wann Dir Iech hei un eventuelle Käschte bedeelege musst, däerf et sech dobäi just ëm eng kleng Zomm handelen.

De Mediateur fir d’Consommatioun ka sech op d‘gesetzlech Virschrëften oder d‘Verhalenskodexe baséieren, déi fir dëse Beräich gëllen. Fir eng Léisung ze fannen, kann och gekuckt ginn, wat gerecht a fair wier.

Neen. Soubal de Mediateur fir d’Consommatioun Iech Bescheed ginn huet, datt Äer Demande vollstänneg virläit, gëtt d’Verjärungsfrist, fir viru Geriicht ze kloen, ausgesat. Si fänkt dann erëm un, wann d’Mediatioun eriwwer ass.

Neen. All Sträitfall op Grond vun engem Verkafs- oder Déngschtleeschtungskontrakt tëschent engem Konsument an engem Geschäftsmann kann dem Mediateur fir d’Consommatioun virgeluecht ginn, onofhängeg vun der Zomm, ëm déi et geet.

Neen. D’Mediatioun baséiert op Fräiwëllegkeet. D’Parteie kënne sech zu all Moment zeréckzéien a si fräi, déi vum Mediateur proposéiert Léisung unzehuelen oder ze refuséieren.

Jo. Déi eenzel Parteie kënne sech fräi äussere während der Mediatioun; alles, wat bei der Mediatioun bekannt gëtt oder erauskënnt, muss vun där anerer Partei a vum Mediateur fir d’Consommatioun vertraulech behandelt ginn. Op dës Informatioune ka prinzipiell net bei enger eventueller spéiderer Geriichtsaffär zeréckgegraff ginn.

De Mediateur fir d’Consommatioun ass un d’Beruffsgeheimnis gebonnen an däerf am Prinzip net als Zeie bei enger eventueller spéiderer Geriichtsaffär geruff ginn.

Jiddwer Partei kann och dem Mediateur eleng vertraulech Informatiounen zoukomme loossen an him kloer maachen, datt en dës Informatiounen net un déi aner Partei däerf weiderginn. De Mediateur muss sech zu all Moment dorunner halen.