Back to top

Ech hu schonn eng Plainte viru Geriicht gemaach, respektiv schonn en anere Mediatiounsdéngscht domat befaasst. Kann de Mediateur fir d’Consommatioun elo nach intervenéieren?

Neen. Soubal de Sträitfall virun e Geriicht oder en anere Mediatiounsdéngscht geet oder gaangen ass, kann de Mediateur fir d’Consommatioun Iech am Prinzip net méi dobäi hëllefen, eng Léisung am Gudden ze fannen.