Back to top

Muss mäi Sträitfall e Mindest- oder Héchststräitwäert hunn, fir datt sech de Mediateur fir d’Consommatioun domat beschäftegt?

Neen. All Sträitfall op Grond vun engem Verkafs- oder Déngschtleeschtungskontrakt tëschent engem Konsument an engem Geschäftsmann kann dem Mediateur fir d’Consommatioun virgeluecht ginn, onofhängeg vun der Zomm, ëm déi et geet.